Portfolio
Informatioun

Videogalerien


Déi Videoen hei hunn am Laf vun deene leschte Joere produzéiert. Ech hunn nach vill aner Videoe gemeet, kann se awer leider net hei weisen well de Soundtrack Musek enthält déi e Copyright huet. D'Rechter dofir ze kafe géing meng bescheide Moyenen iwwerschreiden.

Véier Joreszäiten

top   



Video

Biller vu Landschaften an Natur, begleet vun Auszich aus de Violinconcerten "Die Vier Jahreszeiten vum Antonio Vivaldi.

Ech wollt dëse Projet scho viru laanger Zäit an Ugrëff huelen. Déi éischt Iddien a Pläng hat ech Enn der 70er, wou ech nach op Super 8 gefilmt hunn. Dat deiert Material war leider ze vill fir mäi Budget.

Wéi mer dunn am Wanter 2001-2002 immens vill Schnéi hate, ass mer déi aal Iddi erëm agefall an ech hunn ugefangen ze Dréien. Dat ganzt huet e Joer gedauert.

Lafzäit: 15:24

Spray Painting

top   



Video

Dëse Video weist de Spray-Kënschtler Sincopete Santana. E lieft a schafft op Mallorca. Dir kënnt em bei senger Aarbecht nokucken a gesinn wéi seng impressionant Wierker entstinn.

Ech hat dëse Video scho virun e puer Joer opgeholl an et iergendwéi färdegbruecht et ze vergiessen (sorry Sinco). Mëtt 2008 hunn ech et erëmfonnt an et fäerdeg geschnidden.

Lafzäit: 08:54

CBC Video

top   



Video

Meng Associéeën an ech hunn 2006 beschloss e Video iwwer eis Firma CBC ze produzéieren. Et sollt, esouwäit méiglech, all Beräicher beliicht gi en deenen CBC aktiv ass.

Ech hat also d'Geleeënheet Beruff an Hobby mateneen ze verbannen. D'Dréiaarbechten hu bal zwee Deeg gedauert, de fäerdege Vdeo leeft 7 Minutten an 38 Sekonnen. Mier denken dass mer, gemooss un eise begrenzte Mëttelen en zimlech professionelle Video ofgeliwwert hunn.

Lafzäit: 07:38
Website: www.cbc.lu



(+352) 621-14 75 94

All material is copyright ©2005 - 2023 by Germain Jung - Outline Media Luxembourg