|
|
|
Interesséiert un enger Foto Seance?
|
Hutt der Iech scho mol gefrot wéi et ass e Model ze sinn?
Stellt Iech vir fir konschtvoll a wonnerbar Fotoen ze poséieren. Vill Leit denke si kéinten net fir e Fotograf poséieren, si wieren net fotogen genuch, si wieren ze schei. Dat ass alles falsch!
Stellt Iech vir wéi der op der Strooss sidd, am Büro, an engem ëffentleche Gebai. Hutt der Iech do onwuel gefillt, war der genéiert? Wahrscheinlech net. Elo stellt Iech vir virun engem Fotograf ze stoen dee weess wéi een et mécht dass d'Leit sech wuel fillen an se kann duerch eng Foto Seance guidéieren.
Stellt Iech eng frëndlech Atmosphär vir, interessant Gespréicher. Stellt Iech e flotte Studio vir deen am Wanter waarm an am Summer kill ass. Stellt Iech vir vill Spaass ze hunn, vill ze laachen, an e flotte Moment ze verbréngen andeems eppes schéines kreéiert gëtt.
Genau dat hutt der wann der fir mech poséiert. Eng lëschteg, relax a wäertvoll Erfarung.
Déi meescht vun de Seance ginn op TFP Basis gemeet. Dat heescht, déi zwee, de Model an de Fotograf hunn d'Recht d'Fotoe fir net kommerziell Zwecker ze verwennen, z.B.: Book, Setcard, Internet Site, Social Networking...
Et ass natierlech méiglech verschidde Fotoen net ze publizéiere wann e Grond besteet.
De Fotograf kritt vum Model seng Zäit, de Model kritt eng CD/DVD mat alle gudde Fotoen drop, souwéi 20-25 speziell verschafft Fotoen.
Wann d'Fotoe vun enger Seance privater Natur sinn an net vum Fotograf däerfe benotzt ginn, da bezilt de Model dem Fotograf eng kleng Entschiedegung fir seng Zäit an d'Benotze vum Equipement.
Ech maachen all Aarte vu Fotoen: Portrait, Fashion, Lingerie, Swimwear, Erotik, Nu, wat de Model wëllt hunn.
Alles wat ech maachen ass absolut serieux a mat engem schrëftleche Kontrakt mat allen Detailer ofgedeckt. Et ass méiglech eng Maquilleuse ze buchen. An dësem Fall sinn d'Käschte vun dëser Persoun vum Model ze droen.
Wann der interesséiert sidd eng Seance mat mir ze maachen, da kontaktéiert mech einfach iwwer eMail op info@outline-media.com, iwwer Telefon oder SMS um (+352) 621-14 75 94 oder Iwwer eis Kontakt Säit.
Ech freeë mech Iech ze treffen an e flotte Moment mat Iech ze verbrénge während ärer eegener, spezieller Foto Seance. Ech kann Iech eng interessant Erfahrung verspriechen déi der net vergiesse wäert. |
|