|
|
Wee si mir? Mäi Numm ass Germain Jung, ech hunn 63 Joer, liewen zu Lëtzebuerg a schaffen am IT-Beräich. D'Fotografie ass meng Fräizäitbeschäftegung.
Wat ass Outline Media? Outline Media ass de Site op deem ech meng Fotoaarbechte presentéieren.
Fotografie Wéi bal all déi jonk Leit krut ech mäin éischte Fotoapparat wou ech nach e Bouf war. Et sollt bis 1990 daueren bis ech mer eng semi-professionell Spigelreflexkamera geleescht hunn, eng Nikon F90x. Dës huet mer erméiglecht Erfahrung ze sammelen an eppes iwwert Fotografie ze léieren.
Méng Aktivitéiten haut
Mat der Zäit hunn ech eng Virléift fir d'People Fotografie entwéckelt. Am Ufank hat ech en improviséierte Studio a mengem Living doheem an hunn eng Rei vu Seancen do gemeet. Et war net ëmmer ganz einfach, also hunn ech mech decidéiert eppes ze maachen an hunn zesumme mat mengem Frënd Serge e Raum gelount dee mer als eise Studio ageriicht hunn. En ass relativ grouss a mat professionellem Material equipéiert.
Jiddereen ass wëllkomm mech ze kontaktéiere fir eng Foto Seance. Detailer fannt der op der Models Säit.
Méi Informatiounen zu méngem Equipement fannt der op dëser Säit.
Video
Mëtt der 70er hunn ech ugefangen kleng Filmer op Super 8 ze dréien, fir d'éischt mat enger Revue S5. 1978 konnt ech mer endlech eng Canon Autozoom 1014 leeschten, deemools eng vun deene beschten Kameraen. Well d'Filmer esou deier wären, hunn ech mech ëmmer e bëssche misse bremsen.
Mëtt der 80er ass de Video fir mech interessant ginn an ech hunn e VHS Camcorder benotzt. Déi schlecht Bildqualitéit an d'Onméiglechkeet d'Videoen ze schneiden ouni nach méi Qualitéit ze verléieren waren zimlech frustréiernd.
1998 hunn ech den Digital Video (DV) fir mech entdeckt. Videoschnëtt war endlech méiglech an ech hu meng éischt Experienzen mam Adobe Premiere gemaach, spéider hunn ech Final Cut Pro op Apple Macintosh benotzt.
Well d'Fotographie haut eng grouss Plaatz a ménger Fräizäit anhëllt, maachen ech de Moment kaum nach Video... |
|