|
|
| D'Videoen an dësem Deel sinn net vu mir. Ech weisen hei Wierker déi ech am Internet fonnt hunn an déi mech esou beandrockt hunn dass ech se mat Iech wollt deelen. |
|
Pigeon: Impossible
|
|

Video |
En Ufänger beim Geheimdéngscht huet e Problem deen am Training net virkoum: Wat maache wann eng Dauf an der Multi-Milliounen Dollar Nuklearvaliss vun der Regierung gefaangen ass?
Lafzäit: 06:14
|
|
Traces of...
|
|

Video
|
D'Etsuko Ichikawa ass zu Tokio gebuer a lieft a schafft zu Seattle als "Visuelle Kënschtler". Hier Aarbecht ass en dauernd Erfuerschen vun deem wat tëschent flüchteg an éiweg läit.
Si schafft haaptsächlech mat Glas a Pabeier a verschiddene Gréissten, och ob architektoneschem Niveau. Dëse Video ass Deel vun hirer Ausstellung am Bellevue Arts Museum.
Lafzäit: 03:00
Website: www.etsukoiichikawa.com |
|
Big Buck Bunny
|
|

Video
|
Big Buck Bunny erzielt d'Geschicht vun engem risege Kanéngchen mat engem genee esou grouss a guttmiddegen Häerz. Enges guddes Daags dauchen drei Nager op déi näischt besseres ze dinn hunn wéi de Buck rosen ze maachen. Op eemol mécht et Klick an d'Kanéngchen ass kee léiwen Heeschen méi.
An typescher Cartoon Manéier bereet en deene béise Nager eng Revanche déi sech gewäsch huet.
Licensed under the Creative Commons Attribution license
LafZäit : 09:56
Website: www.bigbuckbunny.org |
|