|
|
Déi Galerien an dësem Deel enthalen haaptsächlech relativ einfach Biller wéi Vakanzefotoen oder Schnappschëss. |
|
Annie Anzouer
|
|

Galerie |
D'Annie Anzouer, eng bekannten afrikanesch Sängerin aus dem Kamerun, huet meng Madame a mech doheem besicht. E Samsdeg hate mer eng Sortie an e Sonndeg, nodeems mer gerascht haten, war eng spontan Foto Session um Programm.
Hei e puer Linken zu Videoe vum Annie:
Mon héros - J'ai pleuré - Femme avec toi - Kuzine - Abosso
96 Fotoen |
|
Emily
|
|

Galerie |
D'Jessica an den Tom (Fotoséance) hunn hiert klengt Emily de 15. Juni krut. Den 18. Juli hu si e Fest fir déi Geleeënheet bei sech doheem organiséiert.
Hei sinn e puer Fotoen vun deem Dag.
43 Fotoen |
|
Léif Frënn
|
|

Galerie |
Den éischte Mee hate mer d'Éier ganz léif Frënn bei ons ze begréissen: d'Isom an de Marco, hier Kanner, souwéi d'Margit an de Bim, dem Marco seng Elteren.
Mir hoffen se geschwënn erëm ze gesinn.
19 Fotoen |
|
Bei de Labère
|
|

Galerie |
D'Edwige ass menger Frëndin hiert Meedchen. Hat ass bestued mam Jean-Michel a fir hiren 2. Hochzäitsdag wäre mer bei hinnen op Besuch.
64 Fotoen |
|
Pompjeeën
|
|

Galerie |
De 26. Juli hunn ons lokal Pompjeeën eng Porte Ouverte organiséiert.
Et goufen eeler, historesch Pompjeesautoen ze gesinn, wéi och déi nei a modern Equipementer déi ëmmer zum Asatz komme wann Nout um Mann ass.
Website: www.cibett.lu
34 Fotoen |
|
Chrëschtmaart
|
|

Galerie |
E Besuch um Lëtzebuerger Chrëschtmaart. Ech hoffen déi wanterlech Stëmmung och ouni Schnéi agefaangen ze hunn.
32 Fotoen |
|
Natur a Planzen
|
|

Galerie |
D'Natur ass ee vun deene beschten a schéinste Motiver déi ee fanne kann.
Biller vu Beem, Blummen a Planzen, opgeholl op verschiddene Platzen.
41 Fotoen |
|